top of page
Recrutement vu Blechbléiser
2023

Mir rekrutéiere motivéiert Blechbléiser fir eis Brass Section ze verstäerken.

Fills du dech ugesprach, dann zéck net eis ze kontaktéiere per Facebook oder Email: contact@lumaband.lu

Annonce Blechbléiser.jpeg
Recrutement vun Percussionnisten
2021

Du bass Percussionist a sichs en neien Challenge?

Da komm an d'Lumaband !

Mell dech op eiser Kontaktsäit.

Mir freeën eis !

Luma recrute.jpeg
ASSEMBLEE GENERALE den 29.02.2020 um 17h30 an der Brasserie Wenzel @Abtei Neumünster (Luxembourg-Grund)
Den alljäerlechen Don vun der LUMABAND
2020

Fir d'Joër 2020 geet eisen Don un

"ICHEC Housing Project"

https://www.housingproject.ichec.be

Wann dir si och wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir en Don ob de Konto vun der Lumaband maachen mat der Mentioun "Don ICHEC Housing Project"

CCPL LU24 1111 2451 4425 0000

LUMABAND verkeeft Burgeren an Eisekuchen um Blues Express (Fond-de-Gras) 
13.07.2019

De Blues Express ass een vun de wichtegsten Musiksfestivalen vu Lëtzebuerg, a fënnt am Fond-de-Gras an zu Lasauvage statt. 2019 hun sech méi wéi 40 Bands bedeelegt, et ass e flott Event fir Kleng a Grouss.

Fir déi drëtte Kéier huet d'Lumaband 500 selwergemaate Burgeren a 400 Eisekucken gemaat an un d'Visiteuren vum Blues Express verkaaft. Mmmmmh, lecker! :) 

62236521_10155936352316910_6318097179625
ASSEMBLEE GENERALE den 09.03.2019 um 18h an der Schräinerei (Differdange)
Den alljäerlechen Don vun der LUMABAND
2019

Fir d'Joër 2019 geet eisen Don un

"Help for the planet"

http://www.help-for-the-planet.org

Wann dir si och wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir en Don ob de Konto vun der Lumaband maachen mat der Mentioun "Don Help for the Planet"

CCPL LU24 1111 2451 4425 0000

Den alljäerlechen Don vun der LUMABAND
2018

Fir d'Joër 2018 geet eisen Don un

"AFPL - Association des Familles ayant un proche atteint de Psychose au Luxembourg"

https://www.facebook.com/AFPL-1808497279378488/

Wann dir si och wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir en Don ob de Konto vun der Lumaband maachen mat der Mentioun "Don AFPL"

CCPL LU24 1111 2451 4425 0000

SAVE THE DATE: 4t Luxembourg Marching Band Show annoncéiert!! 
08.12.2018

Mir sinn houfreg déi 4t Luxembourg Marching Band Show kënnen z'annoncéieren, déi Samschdes den 08/12/18 an der Déifferdenger Sportshal wäert stattfannen! 

Nom grousse Succès vun deenen dräi éischte Show'en wäert och dëst Joer d'Lumaband de Publikum nees iwwerraschen mat qualitativen Performancen, engem musikalesch ofwiesslungsräiche Programm an enger gudder

Portioun Charme an Humor.

Haalt iech onbedéngt den Datum fräi, mir freeën eis op iech!  

Den alljäerlechen Don vun der LUMABAND
2017

Fir d'Joër geet eisen Don un d' "LIGUE EN FAVEUR DES INSUFFISANTS RENAUX - ARLON"

https://www.lirarlon.be/lir-arlon-qui-sommes-nous/

https://www.facebook.com/groups/lirarlon/

Wann dir si och wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir en Don ob de Konto vun der Lumaband maachen mat der Mentioun "Don LIR". 

CCPL LU24 1111 2451 4425 0000

LUMABAND op Italien-Tournée
30.07.2016 - 07.08.2016

D'Luxembourg Marching Band haat am Summer 2016 déi flott Opportunitéit fir op Italien-Tournée ze goën a Concert'en zu San Salvatore Telesino, Roum an Neapel ze spillen.

Merci eisem Organisatiounscomité an der lëtzebuerger Ambassade vu Roum fier de Support!

10t Editioun vum LUMA SUMMERCUP
10.07.2016

D'Luxembourg Marching Band huet 2016 hieren 10ten Summercup organiséiert.

Et ass e Fussballstournoi fir Musikgruppen a Bands. An dëser Editioun hun méi wéi 100 Musiker hiert Fussballstalent konnten beweisen. 

Kuckt och eist

Eischten Präiss fier d'LUMABAND op der Dikricher Cavalcade 2016 (Kategorie: bescht Musiksgrupp) !
26.02.2016

Villmols Merci un "D'ESELEN AUS DER SAUERSTAD DIKRICH A.S.B.L." an un déi 15.000 Spectateuren fir déi flott Ambiance!  

Rendez-vous den 26. Februar fier d'Editioun 2017.

bottom of page